Dammenequipe vun Rued si weiderhin net ze klappen. E Samschdeg konnte si sech am Kader vum Ladies & Girls Day de Championstitel sécheren.
Tessy Gonderinger, Danielle Konsbruck, Annick Stammet an Vinita Schlink hu 6 vu 6 Partië gewonnen an domat stinn se ganz souverän op der éischter Plaz. Nodeems si och Coupe de Luxembourg Dames gewonnen hunn, féiert Dammenequipe vum DT Rued des Saison den Doublé erëm!