• Startseit
  • Gallery
  • Links
  • Eisen Club
    • Den DT Rued-Sir
      • Hei fann Dir eis
      • Mir stellen eis fir
      • Den Komitee
      • Kontaktformular
      • Training
    • Klassement
      • Spiller
      • Equipen
      • Ranking
    • Neiegkeeten:
    • Aktuelles
    • Events
    • Individuell Resultater
  • Sponsoring
    • Sponsor gin
    • SponsormapPDF erooflueden
    • Eis Sponsoren Mir soen eisen Sponsoren Merci!
  • Login

Dësch-Tennis Rued-Sir

  • Neiegkeeten
  • Eisen Club
  • Wou sin mir?
  • Generalversammlung am Café Engel bäim Menni zu Menster (13.05.2018)

    Generalversammlung am Café Engel bäim Menni zu Menster (13.05.2018)

    Den 13.Mee hat ons alljährlech Generalversammlung am Café Engel zu Menster stattfond.

    A senger Ri

    More
  • Barragemätcher 3. Divisioun

    Eis 3.Herrenéquipe ass champion vun der 3.Divisioun gin. Mir gratuléieren dem Pier, Rob, Yann, Teo,

    More
  • Barragematcher vun de Cadets

    Barragematcher vun de Cadets

    Barragematcher

    De Charel, de Valentin an Charlotte hun Bronzemedaille am Cadetschampionnat an der 4

    More
  • 10. Editioun vum Training Camp vum DT Rued

    10. Editioun vum Training Camp vum DT Rued

     

    10. Editioun vum Training Camp vum DT Rued

    Insgesamt 47 Spillerinnen a Spiller hu vum 3. - 6.

    More
  • Doublé

    Doublé

    Nom leschte Joer, huet eis Dammenequipe mam Dani, Annick, Vini & dem Tessy et och dëst Joer erëm fäe

    More
  • Kannerfuesbal 2018

    Kannerfuesbal 2018

    Ons traditionnellt Fuesfest hat dëst Joer den 18.Februar am Centre Culturel zu Menster stattfond.

    More

Virwuert vum President,                                                                                                                                     Patrick 09 2017 kleng                                                                                                                                              

Léif Internauten, Frënn a Membere vum Dëschtennis Rued-Sir,

Als President sinn ech houfreg kënnen ze soen dass den Dëschtennis Rued-Sir, deen 1947 gegrënnt gouf an a senger 70 järeger Geschicht en kontinuéierlechen Opschwonk kannt huet, haut esou staark do steet wéi nach ni !

Mat sengem formidabelen Doublé 2017, als Landesmeeschter par Equipes Dames a Gewënner vun der Coupe de Luxembourg Dames, ass ons Dammenequipe de Stolz vun onsem ganze Veräin.

Ma niewent dësem sportlechen Erfolleg, stécht onse Veräin och nach ervir duerch seng iwwert 80 lizenzéiert Spiller, mat dovun iwwer 40 Jugendspiller.

An am Championnat kënne mir och iwwerzeege mat onsen iwwert 20 Equippen an deene verschiddene Kompetitiounen.

Jo, onse Veräin ass e gewaltege Betrib ginn, a ech wëllt vun dëser Plaz mengem Comité, an awer och all deenen anere Betraffenen, onse Spiller, Elteren, Traineren a Supportere Merci soen. Jo, Merci fir déi vill Aarbecht om administrativen, sportlechen an organisationellem Plang. Ouni iech wär dat alles net.

An iech, léif Lecteuren, wëllt ech mir och nach erlaben op onst berühmte Moulefest vum Oktober ze invitéieren, esou wéi op onsen Tournoi vum November an onse Kannerbal vum Februar, wou dir bei gudder Laun ons duerch är Presenz wäertvoll ënnerstëtze kënnt.

Iert ech schléissen en besonnesche Merci un ons Gemeng an ons Sponsoren, hier fiddel Ënnerstëtzung erlaabt ons op dësem héijen Niveau agéieren ze kënnen.

E lescht Wuert fir onsem IT Mentor ze felicitéiere fir dëse flotten neien Internetsite, wou et eng Freed ass dierfen dat éischt Virwuert ze schreiwen.

Och wëllt ech nach vun dëser Geleeënheet profitéiere fir méi Respekt a meng Dankbarkeet mengem Virgänger, dem Rhett Sinner, auszespriechen, deen 40 Joer laang dëse Veräin mat ersiichtlechem Succès gefouert huet. Merci Rhett !

Ofschléissend wënschen ech ons all en erfollegräicht Championnat 2017/2018, gepräägt vu Fairness a Kollegialitéit.

Patrick Lamhène

President vum Dëschtennis Rued-Sir

Sponsoren

Mir soen eisen Sponsoren e groussen Merci!

 

adamy

crwlogo d4y new 782x400intrasoftstufftibharweimerMalermeister Amthornaturataosteria1 joslet webVEW CMYK

ds web

ds web

bublitz 

lang freres

vanmaurits
wagner

©  DT Rued 2016 / Powered by letzebuerg.net / Design and maintained by design4you.lu

    Back to top